Kontakt dem Jemp seng Links
Kabarä-Archiv


Kabarä Jemp Schuster

Da maacht iech emol fräi!

Dat ass eng Opfuerderung, déi een zum dackste beim Dokter héiert, an den éischte Reflex ass dann : « Ganz fräi ? Och ënnen erëm ? » Wann den Dokter een da berouegt : « Neen, dat ënnescht duerft Der unhalen, » dann ass ee scho manner opgereegt.

Well ganz fräi, oder ganz plakeg mécht kee sech gär. Zemol net, wann déi aner ronderëm nach all ugedoe sinn.

Wéi wier et dann, wa mer all plakeg do sténgen, wa mer äis total géife fräi maachen. Fräi vun allen Zwäng, fräi vun all Indoktrinéierung, sief se klerikal oder institutional, fräi vun all Ënnerdréckung, sief se physesch oder psychesch, fräi vun all Diktatur a fräi vun der éiweger Angscht näischt ze kënnen oder alles falsch ze maachen.

Mir maachen äis einfach fräi an da bräuche mer kee Scanner méi a keng verstoppte Kameraen, da muss kee méi deen aneren äusspionéieren oder erpressen.

Wa jidderee plakeg do steet, da komme mer äis vir wéi am Paradäis, an da fänke mer nach eng Kéier ganz nei un. Wat gëtt dat spannend ! An deem Sënn: Da maacht iech emol fräi !

TEXT A SPILL : JEMP SCHUSTER

Dauer : 90 Minutten


Croque Mëssiö

CROQUE MËSSIÖ oder Firwat d’Frae méi al ginn ewéi d’Männer

Solo fir e béist Meedchen
mam Michèle TURPEL

CROQUE MËSSIÖ ass eng Ofrechnung. Eng Fra am beschten Alter brécht äus a leeft fort. Oder besser, se reit fort, a mer fannen s’op enger Plaz erëm wou doutsécher kee se siche geet.

Firwat mécht se dat ? Déi Fra seet vu sech selwer, se wier e « Béist Meedchen », eent wat vill erlieft huet, a wat sech ëmmer gewiert huet, esougutt et ebe konnt. Hir Verhältnisser zu de Männer waren ni langweileg, a se hunn och ni laang gedauert. Well dat « Béist Meedchen » ass eng Fra déi sech konsequent ass. Wann et net klappt, dann huet alles ke Wäert, dann ass et besser et mécht ee Schluss. Definitiv !

Wéi wäit dat ka féieren, dat séngt a spillt d’Michèle Turpel an enger One-Woman-Show vun 80 Minutten.

Croque Mëssiö
Spill: Michèle Turpel
Text: Jemp Schuster
Regie: Tania Golden
Assistenz: Luise von Hegel
Musek: Paul Dahm an Erny Delosch
Kostüm: Cynthia Dumont
Bühn: Paul Biwer
Foto: Thomas Dorn

Kuck Show
An der KUCK SHOW am INOUÏ steet eng Koppel op der Bühn, déi hir Erfëllung hannert der Kachplak sicht. Déi zwee entdecken déi schéi Säiten, de Genoss an d’Erotik, an iwwerdeems sech selwer beim Kachen.
Iessen a Sex sinn zwee Grondbedierfnisser vum Mënsch. Déi kann ee vermurksen a verkomme loossen, et kann een s’awer och zelebréieren, an da mierkt een, datt se ganz enk matenee verbonne sinn, jo sech esouguer ergänzen an iwwerschneiden.
Wann de Stress duerch de Spaass, wann d’Hektik duerch de Genoss ersat gëtt, da bleift ee stoen an et kann ee kucken wéi se cooken, a wann äus enger PEEP SHOW eng KUCK SHOW gëtt, dann ass dat esou gewollt.
Kuck Show
..
Et hu gekacht a gespillt:
Monique Melsen a Marcel Heintz
Text: Jemp Schuster
Regie: Tania Golden
Musek: Petz Hartert
Kostüm: Cynthia Dumont
Foto: Thomas Dorn
Produktioun: Thé Citron & Co Asbl
Co-Produktioun: Spektakel Asbl
> Kuck Show KALENNER 2008-2009

Vull Time
Kennt Dir d’Geschicht vom Onan äus der Bibel, a wat kann een dem Aristoteles gleewen ? Leid Dir ënnert ejaculatio praecox? Wat géift Dir maachen, wann Der keen hätt? Ass d’Gréisst vun engem Joystick wichteg, a wéi steet et mat Ärem Kalorieverbräuch am Bett? Wat huet een Testament mam Testosteron ze dinn? Sinn d’Frae wierklech esou anescht konzipéiert wéi d’Männer, a wou ass den Ënnerscheed? Wat fir eng Roll spillt d’Gehir am Sexualliewe vun engem Mann?
E puer vu ville Froen, déi Männer a Frae sech stellen, an op déi se am VULLTIME eng Äntwert kréien.

Alles Paletti

Komm mer halen dach endlech op mat deem Gekloots. Dat éiwegt Gejéimers a Gelamentéiers hëlleft och kengem weider. Mir sinn als Mënschheet zwar amgaang äuszestierwen, awer wat soll da sinn.

Et ass Milliarde Joere laang ouni äis ganz gutt gelaf, an et geet och nach Milliarde Joeren ouni äis weider. Wa jiddereen sech nëmmen hallef esou eescht géif huelen, da géng et äis all vill besser.

Awer da wier et jo net méi äuszehalen, well et geet äis elo schonn esou gutt datt et bal wéi deet. Et ass einfach ze schéin. Dat behaapt de Jemp Schuster a sengem neie Kabaräsprogramm ALLES PALETTI. A wann hien dat seet, da wäert et scho stëmmen.

No zwee Joer Paus geet de Jemp Schuster erëm mat engem neie Kabarä op Tournée duerch d’Land.

D’Première war den 12. November 2008 zu Sëll, déi lescht Virstellung den 30. Abrëll 2009 zu Walfer.

> Alles Paletti KALENNER 2008-2009


ZIZI Paon-Paon
VULLTIME op Franséisch. Geet dat dann ?

Et geet. Natierlech ass net all Wuertspill äus dem Lëtzebuergeschen an d’Franséischt ze iwwersetzen, awer dat Meescht fonktionnéiert ganz gutt. De Philippe Noesen huet VULLTIME iwwersat an deelweis adaptéiert. Op Franséisch heescht et dann elo ZIZI-PAON-PAON. De Philippe Noesen spillt och selwer an enger mise en scène vum Jemp Schuster, assistéiert vun der Itoko Kagawa.


Eläuter fäi Jongen

Eläuter fäi Jongen - dat neit Koméidisstéck
vun der Maacher Rhäifränsch
Text/Regie: Jemp Schuster - Musek: Georges Urwald
www.georgely.lu

Nom groussen Erfolleg vum Bistros-Koméidistéck ‚De Beschte Klupp am Land’ am Joer 2004, enger Parodie op
d’Generalversammlung vun engem ganz gewéinleche Klupp XY, bréngt d’Rhäifränsch asbl, (iwregens en alt lëtzebuergesch Wuert fir Elbling) vu Gréiwemaacher, déi sech zum Ziel gesat huet, nei lëtzebuergeschsproocheg
Musekstheaterproduktiounen ze realiséieren, hirt zweet, lëschtegt Stéck op d’Bühn. Wat e Satz. Och dës Zesummenarbecht vum Jemp Schuster (Text a Regie) an dem Georges Urwald (Musek) kënnegt eng ënnerhalsam
Geschicht mat flotter Musek un.

‚D’Elblinger’, eng Dozend jonk Borschten an zwou Dammen spillen a sangen vun der Long op d’Zong. Ënnerstetzt gi si vun
hirem kléngen, treien Bistrosorchesterchen mam Urwald um Piano, dem Feinens Luss an dem Marc Hubert op den Trombonnen, dem Thierry Konsbrück um Kontrabass an
dem Kréiesch Guy op der Batteri.

‚Eläuter Fäi Jongen’ spillt am Restaurant um Begriefniskascht vun der verstuerwener Tatta Marechen. D’Tatta Germaine mat
hire fënnef Bouwen, hire Brudder, de Monni Nick mat séngen dräi, zwee Garçon’en an d’Wirtsfra duerchstinn déi ganz normal Geschicht: De vill ze fréien Doud vun de Tatta verschafft sech nët esou einfach: wat geschitt schließlech matt der Tatta hirem Verméigen, hire Bijouen an hirem Gezei? Sou an ähnlech Wichteges diskutéiert de Mann am léiwsten um Häerepissoir. Do ass en ënnert sech ....
obwuel en ni weess, ob do nët nach een oder eent an der Toillettekabinn setzt nozelauschteren?! An daat kann onglëcklech Konsequenzen mat sech bréngen ...

Op der Bühn begéint dir d’Germaine Begma (d'Mamm) an hir fënnef Bouwen, den Yvon Streff (de Biolog), de Georges Feltes (de Patholog), de Santesch Luc (de Politolog), de Remi Turpel (den Oenolog) an de Marc Weber (de Banker), de Marc Lang (de Monni) an séng dräi Jongen, d'Kosengen
also: Serge Krier, Yves Mersch, Luss Durel. d’Marga Sertznig (d'Wiertsfra, wat soss), déi zwee Garçonen, Patrick Hierthes an de Laurent Theisen, an de Marc Schiltz, Frënd vun der Famill. Déi flott Zeechnungen së vum Michel Feinen.

D’Lidder aus dem Koméidisstéck ginn et iwregens op CD, déi dir bäi den Opféierungen an demnächst iwwert de Site fir
15 Euro kréie kënnt. Mir freeën eis.

d’rhäifränsch asbl


Ech soen näischt

Et ass vill passéiert an deem vergaangene Joer. Wat war dann elo besonnesch wichteg? Dat hänkt ëmmer dervun of, vu wou een et kuckt.

Et ware Wahlen, nationaler a kommunaler, an ee Referendum deen op een Hoer eng Staatskris äusgeléist hätt, awer wichteg waren déi Evénementer doutsécher net. Et si bekannt a manner bekannt Leit gestuerwen, an et weess keen, ob se do ukomm sinn wou se hiwollten. Et sinn der a Pensioun gaangen oder ënnergedäucht, anerer sinn einfach esou verschwonnen an ni méi opgedäucht. Also kënne mer déi och vergiessen.

Deenen engen ass de Plafong op de Kapp gefall, déi aner hu keen Daach méi iwwert dem Kapp. Wat ass dann elo méi schlëmm, a geet dat duer fir sech een Owend dermat opzehalen? Elo ass och nach de Bensin méi deier ginn, do muss een dach eppes driwwer soen. Dat ass mat dat Wichtegst!

Neen am Eescht? Wat soll een dann nach soen, wann d'Realitéit méi schlëmm ass wéi déi schlëmmste Fiktioun, a wa souwisou jidderee seng perséinlech Meenung iwwert alles huet? Heinsdo ass et besser, et denkt een sech säint, an et seet een näischt. A beim Haartdenke kënnt dann awer esou munches op d'Tapéit.


Propper Zäiten

Dat Schlëmmst hu mer hannert äis. Mir stinn elo propper do. Wéi geleckt. Mir hunn déi knaschteg Wäsch gemaacht, dat knaschtegt Geld gewäsch, déi knaschteg Britt äusgeschott, déi knaschteg Lächer gestoppt an dat knaschtegt Laache verbueden.

Elo ass alles clean, mir gi propperen Zäiten entgéint, a wa vun iirgendwou eng nei Pescht äis sollt bedreeën, da wësse mir äis ze hëllefen. Mat proppere Gesetzer a propperen Demonstratioune fir ee proppere Wirtschaftswuestum op proppere Stroossen vu proppere Patréiner iwwerwaacht. Wann dann ee seng knaschteg Patten net ka bei sech halen, da kritt en eng drop. Awer eng déi sech gewäsch huet.

Dës Säit fir d'lescht geännert den 05.05.2011