|
Spektakel Asbl
SPEKTAKEL ass e klengen, professionnelen Theater ouni eegene Sall. Mir spillen iwwerall am Land an och emol am Äusland op alle klengen a grousse Bühnen. SPEKTAKEL Asbl ass also e rengen Tournéetheater.
Et ass awer och déi Asbl déi mat aneren Theateren oder Asblen am Theaterberäich koproduzéiert, op professionneller oder semiprofessionneller Basis, an domat och Laieschauspiller d’Méiglechkeet gëtt, an engem ofgesécherte Kader ze spillen.
Vum Ee-Mann KABARÄ bis bei de Fräiliichttheater mat 100 Leit ass hei alles méiglech.
SPEKTAKEL Asbl gëtt duerch eng Konventioun vum Kulturministär ënnerstëtzt, an ass Member vun der FLTP, der Lëtzebuerger Theaterfederatioun vun de professionnellen Theateren. |